Den Agenda.
Den Jay-C Casagrande muss gestoppt ginn
Dem Jay-C Casagrande säin Numm ass Programm! Hien ass e Visionär, deen net nëmme grouss gesäit, mee och wierklech grouss erauskënnt. Deen eenzegen Hai ënnert deene mickregen Immobiliecrevetten, wéi hie fënnt. Kee Wonner, datt hien e Megaplang huet: dee ganze Bësch ofholze fir dono lukrativ Cuben ze bauen. Dat erfreet d’Bëschbewunner, dorënner d’Elfen Rätschi an Dätschi ganz a guer net.
Si sinn sech eens, datt den Jay-C Casagrande muss gestoppt ginn! En Challenge, deen net ganz ouni Komplikatioune verleeft…
Eng witzeg-spannend Geschicht, déi zum Nodenken awer och zum Laache beweegt, fir Erwuessener a Kanner.
De Mukami an de Picki-Ricki
De Mukami aus der Radio 100Komma7 Kannerkëscht kënnt op de Summerdream Festival! Mëtten an der Nuecht, mécht sech dee klenge, virwëtzege Mukami op Entdeckungstour an de Bësch. Ma net jiddereen ass iwwert säi spontane Besuch amuséiert. An och dem Mukami säi Kolleeg Pit ass onglécklech datt de Mukami einfach esou verschwonnen ass. Gutt, datt d’Kanner him hëllefen, säi Frënd nees erëmzefannen.
Eng musikalesch Geschicht iwwert d’Ëmwelt, Frëndschaft an Zesummenhalt.
Liesung Toni Konfettoni
D'Ettelbrécker Bibliothéik invitéiert op eng Kannerliesung, samschdes den 13.Januar 2024 um 15.00 Auer. Den "Toni Konfettoni" ass eng flott Geschicht fir Kanner vun 3 Joer un, geschriwwen an erzielt vum Anja Di Bartolomeo.
Den Toni ass ee Fuuss, dee seng Fuussefrënn mat senger gudder Laun, sengem Danzen a sengem Laache Freed mécht. Enges Dags gëtt den Toni krank, hie fillt sech eleng a wënscht sech näischt méi, wéi erëm esou ze sinn, wéi déi aner.
Virliesung fir Kanner
Kannerliesung am Kader vum Bichermaart vun der Stengeforter Elterevertriedung
Liesung “Toni Konfettoni”
Kannerliesung mam Anja Di Bartolomeo
D’Schrëftstellerin erzielt aus hierem neie Buch “Toni Konfettoni”
Samschdes, den 2. Dezember 2023 vun 11-12 Auer
Diddelenger Bibliothéik (24 rue du Commerce)
Fir Kanner vu 4-7 Joer, op Lëtzebuergesch.
Bréngt äert Kuscheldéier mat !