Retour à tous les événements
Dem Jay-C Casagrande säin Numm ass Programm! Hien ass e Visionär, deen net nëmme grouss gesäit, mee och wierklech grouss erauskënnt. Deen eenzegen Hai ënnert deene mickregen Immobiliecrevetten, wéi hie fënnt. Kee Wonner, datt hien e Megaplang huet: dee ganze Bësch ofholze fir dono lukrativ Cuben ze bauen. Dat erfreet d’Bëschbewunner, dorënner d’Elfen Rätschi an Dätschi ganz a guer net.
Si sinn sech eens, datt den Jay-C Casagrande muss gestoppt ginn! En Challenge, deen net ganz ouni Komplikatioune verleeft…
Eng witzeg-spannend Geschicht, déi zum Nodenken awer och zum Laache beweegt, fir Erwuessener a Kanner.