Anja Di Bartolomeo you have the ingredients,i have the story

*

Anja Di Bartolomeo you have the ingredients,i have the story *

tell a story

contact me

what i do

books

aktuelles

08.08.2026 Summer Dream Festival Steinfort
Dem Mufti Morchel säi geheime Plang

15:00, 16:00 an 17:00
Dem Mufti Morchel säi geheime Plang
Theater fir déi ganz Famill (ab 4 Joer) (LU)

D'Prinzessin Opalina huet sech ausgerechent an de Pilztroll Mufti Morchel verléift. E Problem? Allerdéngs. Well d'Kinnigin huet hir Duechter scho laang engem anere Prënz versprach. Fir hir Léift ze retten, bleift den zwee nëmmen nach eng eenzeg Chance: e geheime Plang.Eng turbulent, spannend Komedie voller Witz, Musek, verréckte Personnagen an engem klenge Pilztroll, deen de Courage huet, fir säin allergréissten Dram ze kämpfen.

Text a Regie: Anja Di Bartolomeo
Mat: Anna Marie Schneider, Nicolas Lech a Jugendlechen aus dem TNL Jugendclub Musek: Sven Kiefer
Kostümer: Devï
Dauer: 40'
Treffpunkt: Info Point (5 Minutte virum Ufank vun der jeeweileger Theatervirstellung) Virverkaf vum 15. Juli 2026 un iwwer den nationalen Ticketservice „luxembourgticket“. Reschtticketen an der Oweskeess (ab 14:30).

@Ano.Astra.47
Anja Di Bartolomeo
Autrice Résidente au TNL

En anonyme Voice Chat. Véier jonk Mënschen. Stëmmen ouni Gesiichter. Ongefiltert. Raw. Wat geschitt, wann s de d‘Maske fale léiss? Et ass alles just e Spill. Bis dem Astra seng Verbindung op eng brutal Manéier ofgebrach gëtt. 

@ano.astra47 ass e Stéck, dat op Basis vum Input an den Iddië vu Jonken entstanen ass. D’Anja Di Bartolomeo, d’autrice en résidence vun der Saison 25/26 am TNL, huet jonk Mënsche befrot – oder besser huet hinne genau nogelauschtert an doraus eng eege Geschicht entwéckelt, déi vum Liss Scholtes inszenéiert gëtt. Et ass hir drëtt Inszenéirung am TNL, an dës Kéier gräift si op partizipativ Elementer zréck, déi déi jonk Leit direkt an den Theaterprozess eranzéien.

Text: Anja Di Bartolomeo
Regie: Liss Scholtes
Bün: Alex Gahr
Mat:  Félix Adams, Nicolas Lech, Noémie Ney, Anna Marie Schneider
Produktioun: Théâtre National du Luxembourg


Radio 100komma7

De Mukami zu Paräis

Wat geschitt, wann de Mukami mam Pit e Weekend zu Paräis verbréngt? Naja, eppes ass sécher: langweileg gëtt et mat deem klenge Wirbelwand net. Am Géigendeel. An dëser Geschicht geet et richteg héich hir, an dat vun der Rees am TGV bis hin zur Fashion Show, déi d’Mamm awer ganz a guer net ageplangt hat. An datt de Mukami och nach en Hond muss spillen, bréngt onerwaarten Erausfuerderunge mat sech. Mukawiau!

© Philippe Matsas